Wellkomm !

Du wells eng sportlech Aktivitéit maachen déi du och am Alldag gebrauchen kanns ? Du wells dech op der Strooss dobaussen méi sécher fillen an verteidegen kennen ? Du wells um Training uerdentlech un d’Schweessen kommen ? Dann bass de genau richteg bei eis !

Nieft der sportlecher Aktivitéit kris du beibruet wat Respekt zum Géigeniwwer bedéit an wéi wichteg et ass eng Disziplin ze hunn vir en gesonden Ausgläich zweschen Kierper an Geescht.

Komm einfach bei eis op en éichten gratis Training lanscht an verschaaf dir en Abléck an eisen Self-Défense oder Street-Défense.

Du brauchs keen Kimono vir déin éichten Trainings, Sportskleeder gin duer. Et besteht Méiglechkeet och eng Dusch am Vestiaire ze huelen.

Op der Platz kennen dann all weider Froen vun engem Responsablen beäntwert gin.

Am Fall vun engem Mannerjähregen, muss den Formulaire ''Autorisation parentale'' ausgefellt ginn.